Sproochen
Buch mat CD
Adaptatioun & Iwwersetzung: Liliana MIRANDAIllustratiounen: Laura AZEVEDOISBN 978-99959-899-3-492 Säiten1. Oplo: Mäerz 2015Sproochen: Lëtzebuergesch, Portugisesch, Däitsch, FranséischFormat: 210 x 210 mm
Liwwerung bannent 7 Schaffdeeg.
Et war emol en Hong, dat am Gaang war um Buedem ronderëmzepicken, wéi e Stéckchen Holz vum Héngerstall him op de Kapp gefall ass. Et huet sech ganz verwonnert aus dem Stëbs gemaach an ass dobäi engem Hunn begéint, deen et gefrot huet: „Wuer leefs de hin, léift Hong?“ D‘Hong huet geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass mer e Stéck dovun op de Kapp gefall!“ An den Hunn ass mam Hong fortgelaf.Si sinn engem Schwäi begéint, dat op der Sich no Eechele war an dat, esoubal et si gesouch, gefrot huet: „Wuer laaft dir hin, léif Frënn?“ Si hu geäntwert: „Den Himmel fält zesummen! Et ass eis e Stéck dovun op de Kapp gefall!“ An d‘Schwäin ass mat hinne fortgelaf. Et ass mer e Stéck Himmel op de Kapp gefall Firwat lafen esou vill Déieren engem Hong no? Firwat kritt d'Meedche mat de schéinen Hoer en Ochsegesiicht? Firwat brauch e Paschtouer e Stee fir eng Zopp ze kachen? A wat geschitt, wann dräi Schwëstere bei engem Floss Blumme plécken? An dësem Buch fir Grouss a Kleng si Volleksmärercher aus Portugal ze fannen, déi net nëmmen nei erzielt, mä fir déi éischte Kéier iwwerhaapt och op Lëtzebuergesch ugebuede ginn. An dësem Buch:Wat een dovunner huet Blummen ze pléckenEt ass mer e Stéck Himmel op de Kapp gefallD'OchsegesiichtD'Steenzopp
This site uses cookies. Cookies help us give you a better experience on our site. By continuing to use our site, you are agreeing to the use of cookies as set in our Cookie Policy.
Accept